D’Ekipp vum Elodie Martins konnt sech um leschte Spilldag 8:0 géint Ell duerchsetzen.

De Stater Fusiounsveräin bleift am Lëtzebuerger Dammefuttball weiderhin den Non-Plus-Ultra. D’Bilanz dës Saison ass impressionnant. Bannent deene 24. Spilldeeg goufen et 21 Victoiren, 2 Remisen an nëmmen eng Néierlag. Dat d’lescht Woch auswäerts beim Tabellenzweeten Hesper.

De Swift konnt sech zwar um Samschdeg géint Jonglënster behaapten, duerch déi 2 Punkten Avance an der Victoire vum Racing muss sech d’Ekipp vum Holleschbierg awer mat der zweeter Plaz am Championnat zefridde ginn.

Op d'Plazen 3 a 4 klasséiere sech Ell a Jonglënster. Den Ofschloss vun der Saison mécht dann ënner anerem d’Coupe-Finall. Den nächste Samschdeg kritt et de Stater Racing ëm 19 Auer zu Beetebuerg mat Mamer ze dinn.

Ofstig-Playoff

Am Kampf ëm de Maintien ass zanter der leschter Woch alles decidéiert. Déifferdeng, d’Entente Wuermer, Mamer an Dikrech spillen d’nächst Saison weiderhin an der 1. Divisioun vum Damme-Championnat. D’Unioun Mäertert-Waasserbëlleg kritt et am Barrage-Match e Freideg mat Käerjeng ze dinn. Den Opsteiger Housen muss de Gank an déi 2. Divisioun untrieden. Beetebuerg steet dogéint als Champion aus der 2. Divisioun als Opsteiger fest.

Resultater

Tabell