Dëschtennis-Eenzel-WM
D'Sarah De Nutte steet am Dubbel am zweeten Tour

© Xinhua via AFP
Am Eenzel gouf d'Lëtzebuergerin eliminéiert.
Op der Dëschtennis-Eenzel-WM zu Doha am Katar steet d‘Sarah De Nutte mat hirer ungarescher Partnerin Georgina Pota am zweeten Tour vun der Dubbel-Konkurrenz. Si hu sech knapp mat 3:2 géint d'Koppel aus Slowenien Ana Tofant/Sara Tokic behaapt.
Den nächsten Tour (Rd. 32) gëtt e Méindeg gespillt.
Am Simpel huet d‘Lëtzebuergerin awer am éischten Tour géint d‘Nummer 20 op der Welt Hirnao Miu aus Japan mat 1:4 verluer.
Am meeschte gelies