Um zweetleschte Spilldag hunn d'Spectateuren zu Hueschtert vill Goler ze gesi kritt. Stroossen ass sou gutt wéi international dobäi.

Rodange gewënnt den Duell ëm de Klassenerhalt 4:2 géint Wolz an ass domat um leschte Spilldag an der Pole Position. Wolz steet elo op der Barrageplaz. Virun iwwer 500 Spectateuren am Rodanger Stade Jos Phillippart war et ufanks en ausgeglache Match, éier Rodange zwee Goler schéisse konnt. Wolz konnt äntweren, mee d'Lokalekipp konnt nach virun der Paus den ale Virsprong hierstellen. Direkt nom Säitewiessel ass Rodange de véierte Streech gelongen, wat quasi  d'Virentscheedung war. Déi Schwaarz-Rout hate Chancen op nach weider Goler, hunn awer kee Ball méi ënnerkritt. Wolz konnt d'Néierlag just nach kosmeetesch oppäppelen.

D'UNA Stroossen huet hir Plaz am internationale Geschäft sécher. No der 3:0-Victoire zu Rouspert huet Stroossen géintiwwer Diddeleng an dem Racing dat bessert Golverhältnis an dräi Punkte Virsprong. Rouspert muss par conter oppassen, um leschte Spilldag net nach op d'Barrageplaz ze falen. Stroossen ass am Match méi effizient mat senge Chancen ëmgaangen. Mann vum Match war den Hadji, deen un allen dräi Goler bedeelegt war.

Am leschten Heemmatch vun der Saison krut de Champion Déifferdeng d'Coupe iwwerreecht. An dat nom 1:1 géint de Racing. Et war den éischte Géigegol an der Réckronn fir den FCD03, mee beim Sondesschoss vum Amiri hat den Déifferdenger Golkipp keng Ofwierchance. 1200 Spectateure wollt sech dëse Match net entgoe loossen.

Déifferdeng a Racing deelen d'Punkten
Um zweetleschte Spilldag krut Déifferdeng nom 1:1 d'Trophée vum Champion iwwerreecht.

Zu Hueschtert hunn d'Spectateuren insgesamt 9 Goler gesinn. Hueschtert huet sech an der zweeter Hallschent erginn a krut vu Péiteng 8 Goler geschoss.

An der Éierepromotioun ass nach keng Decisioun gefall, wien nieft dem FC Mamer an d'BGL Ligue opsteigt. Käerjeng a Bissen trenne virum leschte Spilldag just 1 Punkt.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de GolerDéifferdeng - Racing 1:1

1:0 Simoes (9'), 1:1 Amiri (80')

Jeunesse Esch - Diddeleng 2:0

1:0 Borger (43'), 2:0 Rodrigues (68')

Hesper - Nidderkuer 1:0

1:0 Stolz (55')

Rouspert - Stroossen 0:3

0:1 Zenadji (25'), 0:2 Hadji (30'), 0:3 Perez (57')

Rodange - Wolz 4:2

1:0 Monteiro Lima (22'), 2:0 Montantin (28', Eelefmeter), 2:1 Romeyns (43'), 3:1 Delarboulas (45'+2), 4:1 Correia Mendes (50'), 4:2 Romeyns (61')

Beetebuerg - Fola Esch 2:0

1:0 Yala Lusala (24'), 2:0 Soumah (88')

Hueschtert - Péiteng 1:8

0:1 Fuss (25'), 0:2 Fuss (29'), 1:2 Fernandes (45'+2), 1:3 Fuss (49'), 1:4 Kamavuaka (55', Eelefmeter), 1:5 Fuss (68'), 1:6 Ali (73'), 1:7 Fuss (79'), 1:8 Shala (86')

Monnerech - Munneref 1:2

1:0 Touré (40'), 1:1 Tinelli (42'), 1:2 Far (90.+4)

D'Tabell