Billie Jean King Cup
Weckerle, Molinaro, Palumbo, Wagner a Rabiot nominéiert

© AFP
D'FLT-Dammen triede vum 16. bis den 21. Juni am Chisinau-Arena-Tennis-Club a Moldawien an der Europa Grupp III un.
Nieft Lëtzebuerg schloen hei Albanien, Andorra, Armenien, Aserbaidschan, Finnland, Irland, Island, Malta, Moldawien, Montenegro a San Marino op. D'Kapitänin Claudine Schaul huet fir dës Matcher am Billie Jean King Cup d'Marie Weckerle, d'Eléonora Molinaro, d'Laura Palumbo, d'Onalee Wagner an d'Lucie Rabiot nominéiert. Fir d'Onalee Wagner ass et déi éischt Nominatioun an hirer nach jonker Karriär.
Am meeschte gelies