Ouni Tëschefäll huet d'Team Lëtzebuerg den Trajet vun iwwer 1.000 Kilometer hanneru sech bruecht.

E Méindeg fänken d'Spiller vun de klenge Länner an Andorra un. Zanter e Samschdeg ass d'Lëtzebuerger Delegatioun op der Plaz.

E Freideg den Owend huet d'Aventure fir d'Team Lëtzebuerg ugefaangen. Opgedeelt op sechs Busser ass een a Richtung Andorra gestart. Gutt 16 Stonnen hat ee fir den Trajet ageplangt. Um Enn ass ee besser duerchkomm wéi gemengt, et gouf keng Tëschefäll, sou datt deen éischte Bus scho géint 12 Auer an der Haaptstad Andorra la Vella ukomm ass, sou d'Lis Fautsch vum COSL.

Och de Volleyball-Nationalspiller Gilles Braas huet no der Arrivée fonnt, datt d'Rees besser verlaf wier, wéi en et erwaart hat. Hien hätt vill geschlof, sou datt d'Zäit am Bus och séier ëmgaange wier.

No de ville Stonnen am Bus ass et fir d'Athleeten no der Arrivée an den Hotel gaangen an et konnt sech um Buffet gestäerkt ginn.

RTL

© COSL

Fir de laangen Trajet esou séier wéi méiglech aus dem Kierper ze kréien, stoung e Samschdeg am Nomëtteg respektiv Owend fir d'Sportler an d'Sportlerinne schonn en éischten Training um Programm, sou nach d'Lis Fautsch vum COSL.

Klickt op d'Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.