De Gol vum Stina Blackstenius an der 74. Minutt huet de Match zu Lissabon decidéiert.

E Samschdeg gouf an der Women's Champions League d'Finall zu Lissabon gespillt. Nodeems et eng laang Zäit 0:0 stoung, huet eng gutt véierel Stonn viru Schluss de Gol vum Stina Blackstenius den Ënnerscheed géint den FC Barcelona gemaach an den Titel fir Arsenal geséchert.

Bei enger gudder Ambiance am Estadio José Alvalade waren d'Gunners vun Ufank u gutt am Match a si hunn hire Géignerinnen aus Barcelona nëmme wéineg Spillraum gelooss. Eng intensiv an interessant éischt Hallschent sollt awer ouni Goler op en Enn goen. Bei iwwer 30 Grad haten nom Säitewiessel dann éischter d'Katalaninnen déi besser Chancen op d'Féierung. Bescht Méiglechkeet gouf et vun der Aitana Bonmati, déi an der 50. Minutt d'Lat wackele gelooss hat. An der 74. Minutt ass dann den decisive Gol gefall. No engem Corner war d'Stina Blackstenius un de Ball komm a konnt mat engem flaache Schoss aus ronn 15 Meter op 1:0 stellen. An deene leschte Minutte krut Arsenal d'Féierung mat Succès verdeedegt a kann um Enn den zweeten Champions League an der Veräinsgeschicht feieren.

E Sonndeg kucke mir nach emol an engem Artikel zeréck op d’Saison vun der Champions League vun den Dammen.