Anthony Moris ass belsche Champion, Leandro Barreiro verléiert Coupefinall

© IAN STEPHEN / AFP
Fir de Bréisseler Veräin ass et den éischte Championstitel säit 90 Joer.
Sonndeg
An der Belsch heescht de Champion fir déi éischte Kéier zanter 1935 nees Union Saint-Gilloise. Um leschte Spilldag vun de Play-Offs huet de Bréisseler Club zesumme mam Anthony Moris mat engem 3:1-Succès géint de KAA Gent alles kloer gemaach. Um Enn steet een dräi Punkte virum FC Bruges.
Benfica an de Leandro Barreiro hunn an der Finall vun der portugisescher Coupe géint Sporting een immens batteren Owend erlieft. Duerch ee Géigegol per Eelefmeter an der 90+11. Minutt war de Match an d'Verlängerung gaangen, wou de Stad-Rival, deen och schonn am Championnat d'Nues vir hat, sech duerch zwee weider Gol um Enn mat 3:1 duerchsetze konnt. De Leandro Barreiro war dobäi an der 90+1. Minutt agewiesselt ginn.
Den LNZ Cherkasy schléisst d'Saison op der 12. Plaz of a verhënnert domadder ëm véier Punkten eng Barrageplaz. Um leschte Spilldag vun der ukrainescher Premier League gouf et en 1:1 géint NK Veres Rivne, wou den Olivier Thill de ganze Match op der Bänk souz.
Och an der zweethéchster Liga an Éisträich stoung e Sonndeg de leschte Spilldag um Programm. Hei huet St. Pölten mam Dirk Carlson an der Starteelef eng 2:0-Féierung aus der Hand ginn a spillt um Enn 2:2 gläich géint den SV Lafnitz. D'Saison schléisst de Club vu St. Pölten op der 4. Plaz of.
A Bosnien war de Mirza Mustafic da wärend 75 Minutte fir den FK Sarajevo am Asaz. Um 32. Spilldag huet ee sech mat engem 1:1 géint Radnik Bijeljina d'Punkte gedeelt. Doduerch steet Sarajevo virum leschte Spilldag punktgläich mam Stad-Rival Zeljeznicar Sarajevo op der drëtter Plaz.
Samschdeg
A Portugal stoung e Samschdeg den Allersmatch am Barrage um Programm. Den AVS, wou zwee Lëtzebuerger Nationalspiller ënner Kontrakt stinn, konnt sech hei mat 3:0 géint den FC Vizela behaapten. Den Eric Veiga war an der 83. Minutt op den Terrain komm an den Gerson Rodrigues stoung net am Kader.
Fir de Retourmatch, deen e Sonndeg um 20.45 Auer ugepaff gëtt, geet den AVS also mat enger komfortabeler Féierung an d'Partie a ka sech gutt Chancen ausrechnen, och nächst Saison weider éischtklasseg ze spillen.