No 2013 zu Lëtzebuerg geet den Alex Kirsch a senger neier Heemecht Andorra eng weider Kéier un den Depart vun de Spiller vun de klenge Länner.

Wéi den Alex Kirsch gewuer ginn ass, datt d'Spiller vun de klenge Länner 2025 an Andorra sinn, huet hie sech deen Datum direkt am Kalenner markéiert. De Vëlosproffi freet sech, fir a senger zweeter Heemecht kënnen un den Depart ze goen. En Dënschdeg geet et lass mam Zäitfueren, dat live op RTL.lu iwwerdroe gëtt.

Andorra ass zanter bal véier Joer déi zweeten Heemecht vum Alex Kirsch. De Vëlosproffi wunnt mat senger Famill zu Ordino. "Andorra hate mir bei eisen Iwwerleeungen ugangs ni um Radar", sou de Lëtzebuerger. "Déi südlännesch Kultur an d'Sonn hunn eis et bei der Decisioun méi einfach gemaach"
 
Op ronn 1.000 Meter läit de Staat ëmkreest vun de Pyrenäen. "Am Wanter Schi fueren, am Summer spadséiere goen a Vëlofuere mécht Spaass", sou d'Sophie Kirsch, d'Fra vum Alex Kirsch. 
 
Mam Nicolas (4 Joer) an dem Hilda (2 Joer) si béid och gutt beschäftegt. "D'Andorraner si frou mat Kanner. Dat mécht d'Integratioun och e gutt Stéck méi einfach", sou d'Mamm vun den 2 Kanner. Katalanesch a Franséisch sinn d'Sproochen am Fürstentum Andorra, dat mam Bëschof vun Urgell an dem franséische President eng duebel Herrschaft huet. Doheem bei Kirschens gëtt Lëtzebuergesch geschwat. Den Nicolas an d'Hilda verstinn a schwätzen awer och Katalanesch a Franséisch.

"Soulaang ech Vëlo fueren, wäerte mir hei an Andorra wunne bleiwen. Hei gefält et eis ganz gutt. Duerno gesi mir weider", sou den Alex am RTL-Interview. 
 
Fir d'Famill ze gesinn, fueren déi véier reegelméisseg op Lëtzebuerg. "Boma, Bopa, Giedel a Pätter freeë sech, den Nicolas an d'Hilda ze gesinn. De Kontakt ass wichteg", sou d'Sophie Kirsch.
 
An hirer zweeter Heemecht ginn déi 4 och ëmmer ganz gären op d'Spillplaz. Do hunn d'Kanner vill Freed. 
A vun November un hëlt d'Famill Kirsch en drëtt Kand mat spillen. Nowuess ass ënnerwee. "Dat alles nach eemol däerfen z'erliewen, ass eng riseg Chance". D'Sophie Kirsch genéisst dës Zäit a vollen Zich.

Klickt op d'Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.