Fir d'Zäit vun de Spiller vun de klenge Länner huet sech d'Team Lëtzebuerg an engem Hotel am Zentrum vun der Haaptstad Andorra la Vella installéiert.

Mat 165 Athleeten an Athleetinnen, déi hei an Andorra un de Spiller vun de klenge Länner deelhuelen, ass d'Lëtzebuerger Delegatioun eng vun de gréissten. 
Den Hotel an der Haaptstad vun Andorra ass fest a Lëtzebuerger Hand. Ronn 135 Kummere si fir de COSL-Kader virgesinn.

Um véierte Stack op der Nummer 478 sinn d'Pola Giorgetti an d'Jenny Warling doheem. Fir déi zwou Karatekaen ass ëmmer kloer, dass si sech eng Kummer deelen, wa si zesummen am Ausland u Kompetitiounen deelhuelen.

"Et ass ganz relax. Also ech mengen, mir verstinn eis gutt. Mir sinn zwee propper Meedercher. Dat heescht, et ass ganz angeneem", sou d'Jenny Warling.

Bei der Fro, wie vun deenen zwou Athletinne moies fir d'éischt vum Buedzëmmer profitéiert, entsteet och kee Kampf. "Streide maache mir ni. Mir verstinn eis ganz gutt. Bei eis geet alles relax iwwer d'Bün", esou d'Jenny Warling.

Scho laang Jore si si gewinnt, hiert Zëmmer ze deelen, ma virun de Spiller gouf et awer eng laang Paus. No September 2023 sinn dës déi éischt Kompetitiounen nees fir d'Pola Giorgetti. Deemools gouf d'Sportlerin mat de Kräizbänner operéiert.

"Ech freeë mech am meeschten, fir bei sou engem groussen Evenement derbäi ze sinn. An eebe grad ass et immens extra fir eis, well de Karate fir d'éischte Kéier derbäi ass. Soss, déi aner Joren, konnte mer ëmmer nëmmen op RTL nokucke wéi all déi aner Sportaarte vu Lëtzebuerg zesummen op den Tournoi gaange sinn. A lo si mer endlech eng Kéier derbäi."

Einfach nëmmen dobäi si wëll d'Karateka net, si huet sech kloer Ziler gesat.

"Mäi Knéi ass nach net ganz an der Réi. Ech sinn nach net op 100 Prozent. Trotzdeem wäert ech alles drusetzen, fir ze gewannen", sou nach d'Pola Giorgetti wärend eisem Gespréich.

Déi geléiert Kriminologin Jenny Warling freet sech och op hiren éischten Asaz um Tatami. "Mir hu gutt Chancen, Medailen ze gewannen. D'Montenegriner si staark. Ech hoffen awer, dass mir géint jidderee gewanne wäerten". D'Jenny Warling geet also ganz positiv an optimistesch dës Spiller an Andorra un. 
 
Am Gepäck hunn déi zwou Frëndinnen och ëmmer Uno-Kaarten. "Dat ass e Must", sou d'Jenny Warling an d'Pola Giorgetti, déi bei der Fro, wien op wat fir enger Säit vum Bett schléift och kee Probleem gesinn. "Et ass ëmmer eent wat iergendwou schlofe muss", esou d'Konklusioun vum Jenny Warling.

RTL

Mat de Sportler am Hotel sinn och d'Membere vum COSL.

Sou Spiller bedeite vill Aarbecht fir de COSL-Staff. Reegelméisseg ass en Austausch mat de Responsabele vun den eenzele Federatioune virgesinn.

E puer Reim méi erop sinn d'Kinéë scho gefrot. D'Muskele labber maachen, heescht et. Véier Dokteren an zéng Kinéë suerge fir d'Wuelbefanne vun de Sportler a Sportlerinne wärend de Kompetitiounen hei bei de Spiller vun de klenge Länner an Andorra.

Klickt op d'Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.