Den 25. Mee huet Liverpool d'Saison an der Premier League mat engem 1:1 Remis géint Crystal Palace ofgeschloss.

Mat ville Supporter an a ronderëm de Stadion huet d'Ekipp hire Championstitel gefeiert. De Mohamed Salah hat den Ausgläich geschoss, nodeems Crystal Palace duerch Ismaila Sarr an der éischter Hallschent a Féierung gaange war.

De Championstitel hat sech Liverpool scho virdru geséchert, dofir war et eng aussergewéinlech Atmosphär zu Anfield. Souguer d'Fans vun FA-Cup-Gewënner, Crystal Palace, hunn et sech net huele gelooss, fir mat ze feieren.

Den Trent Alexander-Arnold, dee bei Liverpool forméiert gouf an deemnächst op Real Madrid wiesselt, huet säi leschte Match fir Liverpool gespillt a krut vill Applaus.

Nom Match huet de Mohamed Salah de gëllene Schong (Golden Boot) an de Präis fir de beschte Passeur vun der Saison kritt. Fir de Kapitän Virgil van Dijk war et den zweete Championstitel an der Premier League.