Eng ganz Rei Lëtzebuerger Supporter hu sech op de Wee op Andorra gemaach, fir déi Lëtzebuerger Delegatioun ze ënnerstëtzen.

Dëst ass och de Fall vum Christiane an dem René Lieners. Hir béid Kanner Sandra a Yannick sinn an der Liichtathletik am Asaz a lafe Kompetitiounen iwwer 10 Kilometer. Fir d'Duechter Sandra kënnt och nach d'Epreuve iwwer 5 Kilometer dobäi.

Christiane Lieners: Eng ganz Woch zu Andorra fir d`Spiller ze suivéieren

"Mir sinn hei fir de Yannick an d'Sandra ze ënnerstëtzen, de ganze Recht vun der Delegatioun natierlech och. Vun der Zeremonie d'Ouverture war ech positiv iwwerrascht, do ware ganz flott Saachen dobäi. Iwwer déi nächst Deeg wollte mir nieft der Liichtathletik och nach de Basket, de Mountain Bike, Volleyball, mol kucke wat soss nach alles méiglech ass."

René Lieners:  ech si positiv iwwerrascht, d'Ambiance an den Zesummenhalt tëscht den Athleten, dat ass richteg flott ze gesinn

"Et ass eng flott Saach, fir eis sinn et déi éischte Spiller vun de klenge Länner. De Mountain Bike interesséiert mech och, mir probéieren dat bescht ze maachen, fir sou vill wéi méiglech ze gesinn. Erëffnungsfeier huet mech ganz positiv iwwerrascht, déi Ambiance bei der Spiller vun de klenge Länner ass ganz flott:"

Klickt op d'Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.