17.000 Leefer sinn e Samschdeg an der Stad mat derbäi - en neie Rekord

© Domingos Oliveira / RTL-Archiv
Et ass nees souwäit. Déi 42,195 km laang Streck féiert d’Sportler duerch all bal Wénkel vun der schéiner Stad Lëtzebuerg.
Déi 18. Editioun vum ING Night Marathon gëtt e Samschdeg zu Lëtzebuerg an der Stad ofgehalen.
D’Zuel vun de Matleefer klëmmt all Joer. Bei der éischter Editioun am Joer 2006 hu ronn 6.000 Sportler matgemaach. Bis 2025 sinn iwwer 11.000 Leefer dobäikomm. 17.000 begeeschtert Sportler aus 117 verschiddene Länner fänken hir Streck um Kierchbierg un a lafe bis an d’Nuecht eran. Ënnerwee gi si vun Dausende vu Fräiwëllegen ënnerstëtzt.
Verschidde Stänn - wéi zum Beispill bei der Gëlle Fra - versuergen d’Visiteuren och mat Gedrénks an Iessen.
Fir jiddwer Leefer ass eppes mat dobäi. Nieft dem Haaptmarathon, dem Hallefmarathon, dem "Team Run", dem "Roll & Run" an dem "5K Run For Success" fir Ufänger, ginn et och nach verschidde Mini-Marathone fir Kanner.
D’Police suergt fir Uerdnung
Dëst grousst Event wäert och vun der Police kontrolléiert ginn, fir dass alles méiglechst ouni Probleemer ofleeft. Si suergt dofir, dass de Verkéier an der Stad trotz de Stroossespärunge fléisst. Deviatioune gi gezeechent.
D’Stad bleift iwwer de ganzen Dag accessibel. Mee vun 18:00 Auer u gëtt d’Verbindung tëscht der Gare an dem Zentrum vun der Stad fir déi regulär Buslinnen ënnerbrach. Dofir kann een awer dem Tram weider benotzen.
De genaue Parcours vum Marathon an deenen anere Leef fannt Dir hei um Site vum ING Marathon.
Hei fannt Dir och nach d'Upassungen am ëffentleche Verkéier wärend dem ING Marathon.
Wéinst der Sécherheet versicht d'Police iwwerall present ze sinn, ma si rifft trotzdeem d’Leit dozou op, virsiichteg ze sinn. Sou e grousst Event géif dausende vu Spectateuren unzéien, a leider och Täschendéif, schreift d'Police an hirem Communiqué zum Event.
Zwee nei Park and Ride'en
D'Gemengeservicer wëlle garantéieren, dass de Verkéier bis déi lescht Minutt méiglech ass an de Laf sécher iwwer d'Bün geet. Dat huet de Chef vum Service circulatioun vun der Stad Lëtzebuerg Laurent Vanetti e Samschdeg de Moie bei eis op der Antenn erkläert.
Vu 16 Auer u ginn um Kierchbierg Spärungen installéiert, duerno um 17 Auer um Lampertsbierg an dann als lescht um 19 Auer am Zentrum, zu Märel, zu Hollerech an op der Gare. D'Spärunge ginn all Kéiers nees geraumt, wann de leschte Leefer duerch ass.
De Laurent Vanetti confirméiert, dass Leit, déi e Samschdeg de Mëtteg nach e bëssen an der Stad shoppe wëllen, mam Auto an déi jeeweileg Parkhaiser kommen. D'Organisateuren si frou, dass den Tram dëst Joer jo och d'Park'n'Ride'e Stade de Luxembourg a Luxembourg Sud usteiert. Dat si 5.800 gratis Parkplazen fir Zuschauer a Leefer méi, ewéi zejoert nach.
En Novum dëst Joer wär, dass d'Spidol um Kierchbierg Garde huet. Dat muss deemno ëmmer accessibel bleiwen, an dat gouf och ëmgesat. Vun 16.30 Auer u kënnt een iwwer de Rond-Point Serra um Kierchbierg an duerch d'Neiduerf nach bei d'Hopitaux Robert Schumann. Et sti Schëlder do, fir d'Leit ze guidéieren.