Lëtzebuerg wënnt verdéngt mat 2:0 géint Armenien
No de Goler vun der Amy Thompson an der Joana Lourenco brauchen d'Rout Léiwinnen am leschte Match just nach ee Remis fir den Opstig an d'Liga B.
Um 5. Spilldag vun der Women's Nations League huet d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp sech mat 2:0 géint Armenien duerchgesat. An der Tabell stinn d'Rout Léiwinnen ee Spilldag viru Schluss op der éischter Plaz, dat mat engem Virsprong vun dräi Punkten op Kasachstan. Well an der Nations League den direkte Vergläich zielt, gëtt am leschte Match am Kasachstan, deen den 3. Juni um 19.00 Auer gespillt gëtt, just nach ee Remis gebraucht, fir den Opstig an d'Liga B perfekt ze maachen.
Um Terrain zu Beggen war Lëtzebuerg schonn an der 13. Minutt a Féierung gaangen. Ee Corner hat de Wee bei d'Amy Thompson fonnt, dat de Ball vum zweete Potto aus an de Gol käppe konnt. An de Minutten no der Féierung war d'Ekipp vum Trainer Dan Santos weider geféierlech a krut sech nach virun der Paus mam 2:0 belount. Op en neits war et ee Corner, deen dës Kéier d'Joana Lourenco mam Kapp aus fënnef Meter mat Succès verwäerte konnt. Mat enger verdéngter Féierung fir d'Lëtzebuergerinne war et no 45 Minutten an d'Vestiairë gaangen.
Och an der zweeter Hallschent haten d'Rout Léiwinnen net labber gelooss a sinn ëmmer nees mat gudden offensiven Aktioune virun de géigneresche Gol komm. D'Vitesse ass dann awer ëmmer méi aus dem Match erausgaangen an eng knapp véierel Stonn viru Schluss hat een och gemierkt, dass d'Konzentratioun liicht nogelooss huet. Well Armenien awer am grousse Ganzen ze passiv war, sollt et um Enn bei der 2:0-Victoire fir Lëtzebuerg bleiwen.
Den decisive Match géint Kasachstan kënnt Dir en Dënschdeg, den 3. Juni, vun 19.00 Auer un nees live am Stream op RTL Play an op RTL.lu suivéieren.