Arbitteren aus Lëtzebuerg leeden d'Champions-League-Finall

© FLTT
De Pol Pierret an de Frank Schoellen goufe fir ee vun deene wichtegste Matcher am Dëschtennis nominéiert.
Wéi d'Dëschtennis Federatioun FLTT an engem Communiqué annoncéiert huet, wäerten zwee Arbitteren aus Lëtzebuerg d'Finall vun der Champions League 2025 zu Metz leeden. De Pol Pierret an de Frank Schoellen wäerte souwuel bei den Dammen, wéi och bei den Hären an den Asaz kommen.
Opfale wëllen déi Zwee an de jeeweilege Finallen awer net, sou de Frank Schoellen: "Wichteg ass, dass en Arbitter ëmmer am Hannergrond bleift. Hie soll ouni opzefale säi Match leeden, fir datt d'Spiller hir Héchstleeschtungen ofruffe kënnen."
De Pol Pierret hat och schonn d'Finall bei den Olympesche Spiller 2024 zu Paräis geleet.
De ganze Communiqué vun der FLTT mat weideren Aussoe vun deenen Zwee fannt Dir hei.