7. Plaz fir d'Jeanne Lehair an Italien, Victoire fir Beaugrand

© AFP
D'Olympia-Gold-Gewënnerin Cassandre Beaugrand huet déi 3. Manche vun der World Triathlon Championship Series 2025 gewonnen. Plaz 7 war fir d'Jeanne Lehair.
15 Deeg nodeems d'Cassandra Beaugrand sech wéinst enger Chute net bei der World Triathlon Championship Series (WTCS) a Japan klasséiere konnt, huet d'Fransousin sech e Samschdeg bei der Manche zu Alghero op Sardinien no 1:55.55 Stonn d'Victoire geséchert.
Déi 28 Joer al Triathletin an aktuell Weltmeeschtesch war mat engem Ecart vun 38 Sekonnen op d'Italienerin Bianca Seregni an vun iwwer enger Minutt op d'Brittin Olivia Mathias ukomm.
D'Jeanne Lehair, dat virun zwou Wochen zu Yokohama wanne konnt, ass no 1:58.14 Stonn op déi 7. Plaz komm.
D'Course gouf am Format M, also der olympescher Distanz, ausgedroen. Dat heescht 1.500 Meter Schwammen, da 40 Kilometer Vëlo an 10 Kilometer Lafen.
Am Kalenner vum WTCS ginn et am Ganze siwe Manchë plus d'Finallen, déi Mëtt Oktober am australesche Wollongong organiséiert ginn. Am Generalklassement steet d'Jeanne Lehair aktuell op der zweeter Plaz. Déi nächst Manche ass den 12. an den 13. Juli zu Hamburg.