Den FC Koeppchen bleift no 1:0-Victoire géint Mäerzeg an der Éierepromotioun

© Steve Beckers
Ee Gol vum Rodrigo Parreira an der 38. Minutt huet zu Luerenzweiler den Ënnerscheed gemaach.
Am nationale Futtball gouf e Samschdeg ee weidere Barragematch gespillt. Duerch eng knapp 1:0-Victoire géint Mäerzeg bleift Koeppchen der Éierepromotioun erhalen.
Koeppchen 1-0 Mäerzeg
1:0 Parreira (38')
Um Terrain 1 zu Luerenzweiler huet sech d'Ekipp aus der éischter Divisioun hei virun 1.420 Supporter net verstoppt, sou datt déi éischt geféierlech Aktioun dann och fir d'Ekipp vum Claude Ottelé war. No engem laange Ball vum Bishani konnt sech den D. Ottelé op der rietser Bande duerchsetzen. Seng flaach Pass an de Strofraum huet den Decker awer knapp verpasst. Och duerno war Mäerzeg bësseg am Match. Eng Flank vum Madeira an der 14. Minutt ass ëmmer méi laang ginn éiert se um Enn op der Lat gelant ass. Duerno koum den FC Koeppchen lues a lues besser an de Match ma bis op ee Schoss aus ronn 18 Meter vum Parreira sollt an den éischten 30 Minutten Näischt dobäi eraussprangen. An der 38. Minutt war et dunn awer esou wäit. Mäerzeg kritt de Ball net richteg gekläert a sou lant de Ball um Enn bei Parreira, deen äiskal bleift an dat ronnt Lieder laanscht de Bishani an de Mäerzeger Gol leet.
Nom Téi war Mäerzeg beméit fir offensive Futtball ze weisen, déi éischte geféierlech Aktioun war allerdéngs fir Koeppchen nodeems et de Billa aus der Distanz probéiert hat. Duerno waren et déi Mäerzeger déi d'Chance op den Ausgläich haten. Dem Madeira säi Kappball gouf awer nach in extremis vun der Linn gekraazt.Mäerzeg huet weider dru gegleeft, ma alles an allem stoung Koeppchen defensiv ze sécher an huet net vill zougelooss. An der Nospillzäit haten déi Wuermer nach d'Méiglechkeet fir ze erhéijen, no enger Pass vum Martin hat de Marques allerdéngs just de Potto getraff. Soumat rett sech Koeppchen um Enn duerch eng 1:0-Victoire an der Éierepromotioun wärend Mäerzeg och déi nächste Saison an der 1. Divisioun untriede muss.