Déi portugisesch U17 konnt sech e Sonndeg mat 3:0 géint Frankräich duerchsetzen. Um Terrain stoungen zwee Spiller, déi mir och am Grand-Duché kennen.

Mat engem iwwerzeegenden a kloren 3:0 huet déi portugisesch U17-Futtballnationalekipp sech zum Europameeschter gekréint. An der Finall, déi an der albanescher Haaptstad Tirana gespillt gouf, hunn d'Portugisen hiren Alterskolleegen aus Frankräich keng Chance gelooss.

Den Anisio Cabral vu Benfica an der 30. an den Duarte Cunha vum FC Porto an der 38.Minutt konnte virun der Paus markéieren. An der zweeter Hallschent huet de Gil Neves no enger Stonn fir den 3:0 gesuergt. Den offensive Mëttelfeldspiller, dee just virdrun agewiesselt gi war, huet nieft der portugisescher och déi lëtzebuergesch Nationalitéit. Den Neves war d'lescht Joer vum F91 Diddeleng bei Benfica gewiesselt.

Och agewiesselt, gouf de Yoan da Silva Pereira, deen am Grand-Duché gebuer ass an och béid Nationalitéiten huet. Säin aktuelle Kontrakt beim FC Porto leeft dëse Summer aus.

Kuckt hei d'Highlighte vun der U17-Finall: