En Dënschdeg si beim Grand Slam an der franséischer Haaptstad déi éischt Véierelsfinalle gespillt ginn.

Bei den Damme konnt sech d'Aryna Sabalenka, d'Nummer 1 op der Welt, mat 7:6 a 6:3 géint d'Olympia-Gewënnerin Qinwen Zheng aus China duerchsetzen. An der Halleffinall muss si elo géint d'Iga Swiatek untrieden. D'Titelverdeedegerin konnt sech hirersäits mat 6:1 a 7:5 géint d'Elina Svitolina aus der Ukrain behaapten.

Bei den Hären huet de Lorenzo Musetti mat 6:2, 4:6, 7:5 a 6:2 géint de Frances Tiafoe gewonnen. An der Halleffinall kritt hien et elo mam Carlos Alcaraz ze dinn. De Spuenier konnt sech a senger Véierelsfinall mat 6:0, 6:1 a 6:4 géint den US-Amerikaner Tommy Paul duerchsetzen.