Lëtzebuerg wënnt am Kasachstan a feiert den Opstig an d'Liga B
D'Rout Léiwinne ware 84 Minutten an Iwwerzuel an hunn dësen Avantage trotz engem 0:1-Réckstand konnten ausnotzen. Lëtzebuerg klappt de Kasachstan mat 3:1.
Um sechsten a domat leschte Spilldag vun der Women's Nations League huet d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp a Kasachstan hire leschte Match an dëser Campagne gespillt. E Gläichspill wier der Ekipp vun der Kapitänin Laura Miller duergaangen, fir den Opstig an d'Liga B perfekt ze maachen. No engem freie Réckstand trotz Iwwerzuel hunn d'Laura Miller, d'Kimberey Dos Santos an d'Anna Miny dofir gesuergt, dass Lëtzebuerg am Kasachstan mat 3:1 gewanne konnt. No sechs Matcher steet een an der Tabell mat 16 Punkten op der 1. Plaz, 6 Punkte virum Zweete Kasachstan. Domat steigt Lëtzebuerg an d'Liga B op.
Resumé vum Match
Kasachstan, wou déi meescht Spillerinnen am nationalem Championnat aktiv sinn, ass denkbar schlecht an de Match gestart. No 6 Minutte krut Norbaeva no enger Noutbrems déi Rout Kaart gewisen. Lëtzebuerg huet deemno 84. Minutten an Iwwerzuel gespillt. De fällege Fräistouss vum Marta Estevez, wat een och als Eelefmeter hätt kéinte päifen, sollt knapp laanscht de Gol goen.
An der 15. Minutt sinn d'Lëtzebuergerinne mat 0:1 a Réckstand geroden. Aus ronn 20 Minutten huet Zhumabaikyzy per direkte Fräistouss fir d'Lokalekipp markéiert. Kuerz dorop ass Lëtzebuerg a Persoun vum Vera Villegas aus der Distanz geféierlech ginn, de Schoss sollt awer iwwert de Gol goen. An der 24. haten d'Léiwinnen déi bis dato beschte Chance, dem Schmit säi Schoss ass awer excellent vun der Golkipperin vu Kasachstan paréiert ginn. Kasachinnen hunn ëmmer nees versicht, de Lëtzebuerger Rhythmus ze briechen, an esou si Miller a Co. mat engem 0:1-Réckstand an d'Kabinne gaangen.
Sechs Minutten huet et nom Säitewiessel gedauert, bis d'Ekipp vum Trainer Dan Santos den Ausgläich markéiere konnt. No engem fatale Feeler vun der Kasachescher Golkipperin war et d'Laura Miller, dat am Séierste reagéiert huet an de Score an der 51. Minutt op 1:1 gesat huet. Siwe Minutte méi spéit hunn d'Rout Léiwinnen de Match gedréint. No engem super Zouspill vum Marta Estevez huet sech d'Kimberey Dos Santos et sech net huele gelooss, de Ball propper laanscht d'Kasachesch d'Golkipperin an de Filet ze schéissen.
D'Léiwinne sinn an der Suite vum Match weider um Ball bliwwen an hunn weider probéiert, den Drock oprecht z'erhalen. An der Nospillzäit huet dat agewiesselt Anna Miny vum TUS Issel nach den 3:1 konnte markéieren. D'Lëtzebuerger Dammennationalekipp gewënnt deemno net nëmme mat 3:1 géint de Kasachstan, mee feiert als Tabellenéischten och den Opstig an d'Liga B vun der "Women's Nations League".