Äischdall klappt Harel a spillt och nächste Saison an der 1. Divisioun

© Steve Beckers
Harel verléiert am Stade um Essig zu Ell mat 1:4 géint d'Alliance aus dem Äischdall a spillt nächste Saison an der Divisioun 2.
Viru 1632 Supporter ka sech d'Alliance Äischdall duerch eng alles an allem iwwerzeegend Leeschtung um Enn mat 4:1 géint Harel duerchsetzen a sech sou hir Plaz an der 1. Divisioun retten. Fir Harel geet et trotz staarken 20 Minutten no der Paus net duer a sou wäert si och an der Saison 2025-2026 an der 2. Divisioun untriede mussen.
Äischdall 4:1 Harel
1:0 Freymann (18'), 2:0 Freymann (28'), 2:1 Jasarevic (48'), 3:1 Cabede (77'), 4:1 Cabede (86')
Am Stade um Essig zu Ell war et d'Alliance aus dem Äischdall, déi de Match an der éischter Hallschent an d'Hand geholl haten. Déi éischte geféierlech Aktioun no enger roueger Ufanksphas war dann och fir d'Männer vum Luc Roj. No 12 Minutte gouf de Freymann mat engem wäite Ball geschéckt. Hien zitt gutt laanscht de Poos, deen aus sengem Gol rauskoum, den Ofschloss konnt awer nach virun der Linn zum Corner ofgewiert ginn. 6 Minutte méi spéit konnt den Äischdall dann a Féierung goen. No engem Ballverloscht vum Civic virum eegene Gol koum de Palgen op der rietser Bande un de Ball. Dëse spillt dat ronnt Lieder an de 5-MeterRäum wou de Freymann um zweete Potto keng Méi méi hat fir de Ball iwwert d'Linn ze drécken. Harel konnt nëmme seele fir Entlaaschtung suergen a sou konnte si an der 28. Minutt op 2:0 erhéijen. Op en Neits war et de Palgen dee sech op der rietser Bande duerchsetze konnt an dem Freymann sou och deen zweete Gol opgeluecht hat. Am weidere Verlaf vun der éischter Hallschent hätt et esouguer nach méi batter fir Harel kënne ginn ma de Poos konnt géint ee Kappball (32') respektiv een Ofschloss (41') vum Caione zwee mol excellent paréieren.
Nom Téi koum Harel awer däitlech verbessert aus de Kabinnen. No enger Pass an d'Laf vum Faljic war de Jasarevic duerch an konnt de Ball äiskal laanscht den Da Silva Vieira setzen. Dëse Gol hat Harel erëm Motivatioun ginn. No e puer gudden Ugrëffer hat an der 64. Minutt d'Lat gewackelt nodeems de Jasarefic de Ball stramm an d'Mëtt op de Faljic gespillt hat an dësen direkt ofschléisse konnt. Virun allem de Jasarevic hat et och duerno emmer erëm aus der Distanz probéiert, et waren awer d'Männer aus dem Äischdall, déi fir d'Virentscheedung suerge konnten. No enger flaacher Pass vum Palgen stoung de Cabede am 5-Meter-Räum ze fräi a setzt dat ronnt Lieder an de Filet. De Schlusspunkt war dann an der 86. Spillminutt, op en neits konnt sech de Palgen, deen un all de Goler direkt bedeelegt war, op der Bande duerchsetzen an de Ball prezis an de Strofraum bréngen. Harel kritt dat ronnt Lieder net gekläert a sou war et de Cabede deen och säin zweete perséinleche Gol markéiere konnt. Um Enn sollt och déi spéit rout Kaart fir de Madvescek Näischt méi um Schlussresultat änneren. Soumat rett sech den Äischdall duerch eng iwwert de ganze Match gekuckt verdéngte 4:1-Victoire an der éischter Divisioun. Harel muss dogéint och an der nächster Saison an der 2. Divisioun untrieden.