En Dënschdeg gouf an der Maison des Sports de Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun virgestallt.

Den neie Generaldirekter huet seng Prioritéite presentéiert. De Fokus leet de Lionel Ollinger op d'Developpement vu jonken Talenter, de Breedesport, grad ewéi d'Ënnerstëtzung vum Héichleeschtungssport. Eng sëllegen Erausfuerderungen, deene sech de Lionel Ollinger vun Ufank September u wäert stellen. De President vun der FLT Claude Lamberty freet sech op eng flott a konstruktiv Zesummenaarbecht.

Mat dësem Poste geet d'FLT e grousse Schrëtt a Richtung vun der Professionaliséierung vun hirem Sport. D'FLT an d'FLA profitéieren als déi bis ewell zwou eenzeg Federatiounen hei am Land vun esou engem Posten als Generaldirekter. Ënnerstëtzt goufe si heibäi vun der INAPS an dem  Sportsministère.

No verschiddenen Etappen am franséischen Tennissport, war de Lionel Ollinger bis viru kuerzem och Generaldirekter vum Stadion vum FC Metz, eng Positioun, déi hien zanter dem 1. Dezember 2019 hat.