Ironman Hawaii: "Angscht, Freed a virun allem Respekt"
Mat 56 Joer start d'Joëlle Theobald beim Ironman Hawaii: 226,3km Schwammen, Vëlofueren a Lafen.
Fir d’Joëlle ass Sport e pueren Hobby: Si trainéiert gär, mécht dat Ganzt "ouni Drock a mat vill Freed". Dat muss engem och Spaass maachen, schliisslech trainéiert d'Joëlle bis zu 28 Stonnen an der Woch. Dozou gehéieren net just déi dräi Haaptdisziplinnen: Schwammen, Vëlofueren a Lafen, ma och Stabilisatiouns- a Kraafttraining.
"Als Ausgläich zu der Schaff, zum Stress am Beruff ass dat immens flott, fir kënne schwammen oder mol en Tour lafen ze goen, fir de Kapp fräi ze kréien. A fir mech ass et wierklech Liewensqualitéit, wann ech ka Sport maachen", sou d’Joëlle Theobald.
Passioun Ironman
D'Joëlle war schonn ëmmer sportlech, ma mam Ausdauersport huet si awer réischt relativ spéit ugefaangen. Mat 35 Joer huet si d’Lafen als Hobby fir sech entdeckt. Do ass si fir d'éischt mol e puer kleng Coursse gelaf, da Semi-Marathonen, dono Marathonen. Wéi si dann eng Kéier zu Hamburg en Triathlon gesinn huet, war si verkaf a wollt dat och maachen. Dat ass elo 6 Joer hier. Haut huet si 56 Joer a mécht zanterdeem och Triathlon.
Tallinn 2024 war fir d'Joëlle dann den éischten Ironman. Duerch Zoufall, well eigentlech war si fir den Challenge Roth ugemellt, eng Course mat den nämmlechten Distanze wéi en Ironman. Zwee Deeg virum Depart krut si dunn awer Covid. Vu dass d'Joëlle dunn net konnt matmaachen, huet si sech eng alternativ Course gesicht. Dat war dunn Tallinn, wou si an hirer Alterskategorie déi zweet Platz beluecht huet. Deemno war si qualifizéiert, fir um Ironman Hawaii matmaachen ze kënnen. Dat ass de prestigiéisten Ironman, deen et gëtt.
"Hawaii, Kona? Dat ass einfach dee ganze Mythos vum Triathlon. Ech mengen dat ass den absolutten Top, den absolutten Highlight vun engem passionéierten Triathlet, wann een dat wëll, fir eng Kéier zu Hawaii kënnen ze starten. Ech si wierklech immens opgereegt, fir dohinner kënnen ze goen."
Zäit fanne fir den Hobby
D’Joëlle gëtt vum Marc, hirem Mann, bei dësem Hobby komplett ënnerstëtzt. Déi zwee hunn och scho Courssen zesumme gemaach, aktuell kënnt de Marc awer just op dem Joëlle seng Coursë mat. Si ass immens frou, dass et am Stot souvill Versteesdemech fir hiren Hobby gëtt.
"Also d’Famill geet ëmmer vir, an et muss een dat schonn organiséieren, dass een den Aarbechtsalldag mat deem Hobby ka kombinéieren. Dat geet natierlech am beschten de Weekend, well een do méi Zäit huet. Also wann ee wëll, da kann een dat schonn hikréien, mee et ass wierklech organisatoresch bëssi vill ofverlaangt."
Den Ironman Hawaii ass den 11. Oktober 2025. Da kann d'Joëlle ënner Beweis stellen, wéi gutt si virbereet war an hoffentlech och mat engem Grinsen iwwer d'Arrivée lafen.