Dem 24 Joer alen Olesen säi Kontrakt beim 1. FC Köln, wou hien zanter 2021 gespillt huet, war jo um Enn vun dëser Saison ausgelaf.

Den 30-fache Lëtzebuerger Futtballnationalspiller bleift domat an der 2. Bundesliga, wou hie sech de "Kleeblätter" fir déi nächst zwee Joer uschléisse wäert. Dat deelt Greuther Fürth an engem Communiqué mat.

Bis ewell huet de Mathias Olesen an der 2. Bundesliga 18 Matcher gespillt, an der éischter sinn et der 23. De Fürther Sportdirekter Stephan Fürstner huet vun engem "kreativen a spillstaarke Spiller" geschwat, deen d'Ekipp verstäerke géif. Déi lescht Saison huet Greuther Fürth an der zweeter Bundesliga mat 39 Punkten op der 13. Plaz am Klassement absolvéiert.