Um Mëttwochowend war zu Péiteng d’Soirée des Lauréats vun der Handballfederatioun.

Als bescht Spillerin vun der Saison gouf d’Tina Welter vum HB Käerjeng geéiert. Déi fréier Kapitänin vun der Nationalekipp hat jo um Enn vun der Saison annoncéiert, e Schlussstréch ënnert hir erfollegräich Karriär ze zéien. Bei den Hären ass de Bierchemer Raphael Guden den MVP vun der Saison.

Am Handball sinn d’Golkippere jo enorm wichteg. Och si goufen natierlech geéiert. Bei den Damme gouf d'Zorana Jurcevic vum Champion Käerjeng als Nummer eent vun der Saison nominéiert. Bei den Hären war den Diddelenger Mika Herrmann de beschte Golkipp vun der Saison.

Bei den Trainer gouf den Dan Mauruschatt vun de Käerjenger Dammen ausgezeechent, well hien de Championstitel konnt gewannen. Beschten Härentrainer vun der Saison 2024/2025 ass de Marko Stupar vum Coupegewënner HC Bierchem; dëst genee wéi zejoert.

Och déi bescht Buteure goufe geéiert. Bei den Damme war et d’Noémie Hoffmann vum Handball Esch a bei den Hären den Diddelenger Aldin Zekan.