De COSL huet d'Nimm matgedeelt, déi an de Wantersportaarten an d'Kaderen nominéiert goufen.

Am Januar gëtt den COSL ëmmer d‘Nimm vun deene Leit bekannt, déi et an de sougenannte Summersportaarten, an déi verschidde Kadere vum privat organiséierte Sport zu Lëtzebuerg gepackt hunn.
 
Elo ass d‘Lëscht eraus komm vun de Wantersportaarten. Fir den Elite-Kader goufen de Peter Murphy am Short Track, de Mathieu Osch an d‘Gwyneth ten Raa, allebéid am Ski-Alpin an d‘Cyclocross-Spezialistin Marie Schreiber zeréckbehalen.
 
Ob de Skeletonfuerer Jeff Bauer nach am Kader bleift, gëtt eréischt Enn Juni vum COSL decidéiert.
 
Nieft dem d‘Joyce ten Raa an dem Joachim Keghian ass eng éischte Kéier och deen anere Schifuerer Nikolaj Lindfors am Promotiounskader.