Handball: Champions League
Magdeburg feiert den Titel

© MARIUS BECKER / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
An der reng däitscher Finall huet sech Magdeburg géint d'Füchse Berlin duerchgesat.
Um Sonndeg stoung d'Finall vun der Champions League am Handball zu Köln um Programm.
Magdeburg huet um Enn mat 32:26 géint d'Füchse Berlin gewonnen a konnt den Titel fir déi 3. Kéier feieren.
Magdeburg war besser an d'Partie komm a louch an der Paus mat 16:12 vir. Och nom Säitewiessel koum Berlin ni richteg u Magdeburg erun an ass dem Réckstand ouni Erfolleg hannendru gelaf. Um Enn konnt sech Magdeburg verdéngt géint Berlin behaapten.
Méi fréi am Dag hat sech Nantes no engem 30:25-Succès géint Barcelona déi 3. Plaz geséchert.
Am meeschte gelies