"Et geet haaptsächlech drëm, fir de Futtball an d'Jugend ze feieren"
E Sonndeg stoung an den Däichwisen zu Ettelbréck en traditionelle Rendez-vous am Futtball-Kalenner um Programm.
Den nationale Fussballdag gehéiert fir all Sympathisant vum ronne Lieder zu deene groussen Highlighte vun der Saison. Vu Bambinis bis Minimes bei de Jongen, iwwert Fillettes a Jeunes Filles bei de Meedercher, dat heescht Kanner am Alter vun ongeféier 4 bis 13 Joer waren zu Ettelbréck vertrueden.
"Et geet haaptsächlech drëm, fir de Futtball an d'Jugend ze feieren, fir ze kucken, datt mir d'Veräiner alleguer zesumme kréien, fir e flotten Ofschloss vun der Saison ze maachen.", esou den techneschen Direkter vun der FLF, de Manuel Cardoni.
315 Ekippe waren e Sonndeg an den Däichwisen am Asaz a goufe vu 97 Arbitteren an 809 Matcher encadréiert. Dobäi kommen déi sëllege Benevollen, déi eng Hand mat ugepaakt hunn. Zesumme mat der Ettelbrécker Gemeng an der Etzella Ettelbréck stellt déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun den nationale Futtballdag op d’Been. Eng gutt Organisatioun ass fir e sou een Event noutwenneg, och wann emol heiansdo eppes ka schif goen. Dozou den FLF-CA a Member vun der Jugendkommissioun, den Erny Decker:
"Haut ass dee 36. Futtballdag. Ech hunn der elo 30 matgemaach, wéi ech op der FLF geschafft hunn. Et muss scho gutt minutiéis geplangt ginn. Wann eng Kéier ee Problem am Programm ass, da geet alles duercherneen. Dat hate mer viru Joren eng Kéier, da weess keen, wou hannen a vir ass. Ech weess, eis Leit am Sekretariat mam Tom Majerus sinn do gutt virbereet an dat wäert haut iwwer d'Bün goen."
Am Mëttelpunkt stoungen d’Kanner. Hir Freed um Futtball konnt een deene Meeschten am Gesiicht ofgesinn. Verléiere wollt natierlech keen, trotzdeem stoung de Spaass am Mëttelpunkt. Och fir Animatioun nieft dem Terrain war beschtens gesuergt. E flotten Dag am nationale Futtball-Kalenner, dee kee méi sech wierklech ewechdenke kann. An deene leschte Jore goufen et ëmmer erëm Rumeuren, wéi wann den nationale Futtballdag op enger anerer Plaz am Land kéint organiséiert ginn. Op Säite vun der FLF denkt ee momentan awer nach net doriwwer no, op eng aner Plaz ze plënneren. Déi nei Infrastrukture ronderëm d’Terraine sinn ee grousse Pluspunkt fir Ettelbréck, esou den Erny Decker.
"Scho viru Jore goufen et Diskussiounen, fir de Futtballdag iergendwou anescht ze organiséieren. Et wier kee Problem, fir de Futtballdag eng Kéier am Minett ze maachen. Et muss een awer ganz kloer soen, datt Ettelbréck en ideale Site huet , fir de Futtballdag ze organiséieren. Elo sinn déi grouss Däichhal, de Parking an d'Parkhaus dobäikomm. Ech gesinn et momentan e bësse schwiereg, fir eng aner Plaz ze fanne wéi hei de Site vun Ettelbréck."