Dan Santos: "Dat war keen oppene Bréif, wéi dat an der Press stoung"

© Val Wagner
Den Damme-Futtballnationaltrainer Dan Santos huet bei eis am RTL-Interview Stellung zu deem geleakte Message vu senge Spillerinnen un den CA bezunn.
Ufank Juni ass déi Lëtzebuerger Damme-Futtballnationalekipp an d'Liga B vun der Nations League opgestigen. Dëst historescht Resultat ass wéinst den Onroue ronderëm d'Hären-Nationalekipp e bëssen ënnergaangen. D'FLF-Damme wollten hirer Onzefriddenheet Loft verschafen, dës Aktioun ass awer am Endeffekt e bësse schif gaangen. De Spillerinnerot vun der Lëtzebuerger Damme-Futtballnationalekipp, deen aus 5 Spillerinne besteet, hat nom Opstig eng privat an intern Noriicht un déi FLF-Responsabel vun der Damme-Sektioun, Carine Nardecchia, geschéckt. Hinnen huet déi néideg Unerkennung a Wäertschätzung fir den Opstig gefeelt. Dëse Message un d'FLF-CA-Memberin Carine Nardecchia gouf d'lescht Woch géintiwwer dem "Quotidien" awer geleakt. Den Nationaltrainer Dan Santos erkläert:
"Ech wousst à la Base näischt dovun, ech hunn herno d'Info kritt. Mir hu fënnef Kapitäninnen am Grupp, déi hunn einfach eng normal WhatsApp-Noriicht un d'Carine Nardecchia geschéckt. Intern, wéi gesot. Si sinn e bëssen enttäuscht a fannen et net glécklech, wéi et gelaf ass. Wéinst der Unerkennung, fir dat wat si geleescht hunn. Méi ass et net. D'Carine huet och direkt geäntwert a gesot: 'Okay, ech verstinn Iech an ech ginn dat weider un den CA an da gëtt gekuckt wéi, wat a wou.' Vue datt d'Aktualitéit, wéi mir net hei am Land waren, immens am Fokus war vun Negativitéit amplaz vum sportlechen Deel, huet dat villäicht e bësse sech matbruecht, datt d'Federatioun och bestëmmt aner Gedanken hat, wat ech och ganz, ganz gutt novollzéien kann."
Anescht wéi gemellt, war de Message un d'Carine Nardecchia keen oppene Bréif. Den Nationaltrainer weess vu wiem de Message weidergi gouf, wëll dat awer net ëffentlech äusseren.
"Wann am Message drop steet 'Moie Carine', dann ass dat jo keen oppene Bréif. Ech ka mir gutt denken, wien et war, et bleift awer intern. Ech fannen et just schued, well déi Persoun oder Persoune wollten et villäicht am Interêt vun der Ekipp maachen, fir datt och vun hinne geschwat gëtt. Am Fong gëtt awer just vum Negative geschwat, well et gëtt erëm just iwwert dee soi-disant Bréif, deen et net gëtt, an iwwert déi Noriicht oder dee Message geschwat an net iwwert dee sportlechen Exploit."
Doduerch datt déi lescht Partie vun den FLF-Dammen an der Nations League auswäerts am Kasachstan ëm 22 Auer hirer Zäit war an de Fliger den Dag drop scho fréi moies heem goung, konnt net groussaarteg gefeiert ginn. Trotzdeem huet d'Carinne Nardecchia dat, wat méiglech war, sur place organiséiert. Heiheem hätt sech d'Ekipp vum Dan Santos awer een aneren Empfang gewënscht.
"Natierlech wär et flott gewiescht, wa mir da freides, wa si (d'Hären) hei gespillt hätten, mat der Ekipp invitéiert gi wieren. Esou maachen déi aner Natiounen et och. D'Dammen einfach eng Kéier eng Ronn um Terrain maache loossen a fir hinnen ze felicitéieren. Dat weess een da fir déi nächste Kéier, et léiert een och do bäi."
Déi Lëtzebuerger Futtball-Federatioun huet an Tëschenzäit decidéiert, d'rout Léiwinne virum 1. Match vun der Hären-Nationalekipp an der WM-Qualifikatioun de 4. September am Stade de Luxembourg géint Nordirland, virum heemesche Public ze éieren.
Den Damme-Futtballnationaltrainer Dan Santos ass d'nächst Woch Invité an eisem Podcast "Drëtt Hallschent - De Sport-Talk".