Aus dem Basket ass et d'Nouvelle, dass d'Anne Simon déi nächst Saison weiderhin an Italien spillt, awer fir en anere Veräin.

D'Lëtzebuerger Nationalspillerin wiesselt bei Magnolia Basket, den Tabellendrëtten vun der leschter Saison.

D'Lëtzebuergerin hat 2024/25 mat San Martino d'Halleffinall am Championnat erreecht. Magnolia Basket ass mam EuroCup och op internationaler Bün aktiv, wat fir d'Simon e Krittär fir de Wiessel war.



D'Magaly Meynadier verlängert zu Saarlouis


D'Magaly Meynadier geet donieft an eng weider Saison mat de Saarlouis Royals wéi scho méi laang bekannt war. D'Kapitänin vun der Ekipp ass frou, dass hire Veräin och ugekënnegt huet, am EuroCup op europäescher Bün ze spillen.