"Et bedeit mer extreem vill, bei dësem prestigiéisen Tournoi dobäi ze sinn"

© RAUL ARBOLEDA AFP
E Méindeg fänkt d'Qualifikatioun vu Wimbledon, dem drëtte Grand-Slam-Tennis-Tournoi vun der Saison un.
Dëst Joer ass mam Chris Rodesch och nees e Lëtzebuerger dobäi. Fir den 23 Joer alen Tennisprofi ass et eng Première bei den All England Championships opzeschloen.
Viru ronn engem Mount huet de Chris Rodesch eng éischte Kéier d'Loft vun engem Grand Slam bei de Profien ze riche kritt. Zu Roland Garros zu Paräis war awer am éischten Tour vun der Qualifikatioun Schluss géint de Fransous Hugo Blanchet.
"D’Enttäuschung war zimmlech grouss, datt ech do verluer hunn am éischten Tour. Mä ech sinn awer och frou, déi Erfarung do gehat ze hunn, fir virun esou vill Fransouse gespillt ze hunn, géint ee Fransous, well et awer eng mega Experienz war an, jo, et war mäin éischte Grand Slam. Et war absolut normal, datt ech nervös war, datt ech a puer Momenter vläicht net mäi Spill gespillt hunn. Ech mengen dat ass alles e bëssen normal an dat gehéiert dozou zum Prozess."
Elo zu Wimbledon wëll déi aktuell Nummer 166 an der Tennisweltranglëscht et besser maachen, och wann de Chris Rodesch elo mol eréischt éischt Erfarungen op Wues sammelt.
"Déi lescht zwou, dräi Woche war ech elo hei an England. Ech hunn op Gras gespillt, och zwee Tournoien. Et ware leider elo net déi Resultater, déi ech mer gewënscht hunn, mee jo, rëm normal. Et ass mäin éischt Joer, mäin éischt Joer op Gras, mäin éischten Training op Gras. Jo et ass frustréierend, e bëssen, well ech spillen net mäi Spill am Moment, mee ech mengen et gehéiert dozou, well alles ass e bëssen eng nei Erfarung fir mech."
Beim Challenger zu Ilkley huet sech de Lëtzebuerger Davis-Cup-Spiller op Wues direkt am éischten Tour géint de Japaner James Trotter misse geschloe ginn. Sou Resultater sinn natierlech net optimal fir Selbstvertrauen, op där nach éischter onbekannter Surface fir de Chris Rodesch, opzebauen.
"Jo, ech fille mech awer gutt, kierperlech, keng Verletzungen, wat awer och wichteg ass, ass och extreem positiv. An, jo, ech wäert elo vun hei vun Nottingham op London fueren a mir wäerten eis do preparéieren, dann déi nächst zwee, dräi Deeg, fir dann ee gudde Start ze hunn. "
Egal wéi, Wimbledon ass dee prestigiéisten Tennistournoi op der Welt. Déi meescht Kanner, déi Tennis spillen, dreemen dovun, eng Kéier bei den All England Championships spillen ze kënnen. Beim Chris Rodesch gëtt dat elo Realitéit.
"Ech hu virun engem Joer quasi ugefaangen op der Profitour. An et si Leit, déi wärend zéng Joer probéieren, an dës Quali eranzekommen, an ech hunn dat elo a mengem éischte Joer gepackt. Dat heescht, ech sinn awer extreem stolz op mech, datt ech dat esou gemaach hunn. Ech wëll natierlech och méi. Ech wëll och an den Haapttableau erakommen. Mee jo, also et bedeit mer extreem vill, elo bei dësem prestigiéisen Tournoi dobäi ze sinn."
D'Qualifikatioun fir Wimbledon fänkt e Méindeg un. Am Prinzip geet et fir den FLT-Spiller dann och um Lëtzebuerger Nationalfeierdag am Südweste vu London lass.
D'Qualifikatioun vu Wimbledon gëtt awer net op der Church Road selwer gespillt, ma déi ass zu Roehampton, ronn fënnef Kilometer nërdlech vun der legendärer Tennis-Anlag.