Futtballfederatioun entschëllegt sech fir Ausschloss vu Journalist

© RTL-Archiv
D'FLF gëtt e Freideg den Owend an engem Communiqué e Verstouss géint d'Pressefräiheet zou.
D'FLF huet sech offiziell a formell beim concernéierte Journalist an dem Quotidien entschëllegt, datt dëse beim Point presse virum Lännermatch géint Slowenien ausgeschloss gouf. Fir d'Futtballfederatioun war et e Feeler, dee géint grondleeënde Prinzippie vun der Pressefräiheet géif verstoussen an d’Recht vun de Journalisten, fir hir Informatiounsmissioun an engem fräien, transparenten a faire Kader auszeféieren, net respektéiere géif, esou heescht et e Freideg am Communiqué vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun.
Déi Responsabel vun der Futtballfederatioun wëllen, dass esou e Feeler sech net méi widderhëlt an hunn dofir festgehalen, dass et an Zukunft e garantéierten Accès an en onbegrenzten Zougang zu Pressekonferenze fir all akkreditéiert Journaliste gëtt, an dass d'FLF intern Moossnamen hëlt, fir d'Bezéiung mat der Press ze stäerken. Ausserdeem wier eng spezifesch Formatioun fir Vertrieder vun der Futtballfederatioun an deem Beräich virgesinn.