Bei der FIFA-Club-WM an den USA sinn e Freideg den Owend an e Samschdeg de Moie fréi eiser Zäit véier weider Matcher gespillt ginn.

E Freideg den Owend eiser Zäit huet Benfica Lissabon den zweete Match bei der Club-WM mat 6:0 géint Auckland City aus Neiséiland gewonnen. Esou kloer wéi d'Resultat um Enn ausgefall ass, war de Match awer laang Zäit net. Auckland City huet nämlech am Ufank vum Match gutt dogéint gehalen. Eréischt no enger Ënnerbriechung vun 2,5 Stonne wéinst Wiederen ass et Lissabon gelongen, fir fir kloer Verhältnisser ze suergen.

Sekonne virun der Paus hat den di Maria een Eelefmeter genotzt, fir Benfica mat 1:0 (45'+8) a Féierung ze bréngen. Mam Pausepëff sinn dunn d'Wiedere komm. No knapp 2,5 Stonnen hat sech d'Wieder a Florida nees berouegt an et konnt weidergespillt ginn. An der 53. Minutt huet de Pavlidis op 2:0 erhéicht. 10 Minutten drop war et de Renato Sanches mam 3:0. Bannent zwou Minutten huet dunn de Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro déi oppe Raim vum Géigner genotzt, fir aus kuerzer Distanz d'Goler 4 (76') a 5 (78') ze markéieren. Fir de Schlusspunkt huet nees den di Maria gesuergt. An der Nospillzäit huet hien op en Neits vum Punkt fir d'6:0-Schlussresultat (90'+8) gesuergt.

Lissabon huet domadder weider Chancen op d'Aachtelsfinallen. Um leschte Spilldag vun der Gruppephas en Dënschdeg (21 Auer) kritt een et mat Bayern ze dinn.

Den FC Bayern steet iwwerdeems schonn an der K.o.-Phas. No der 10:0-Rekord-Victoire beim Optakt géint Auckland huet een den zweete Match e Samschdeg de Moie fréi mat 2:1 géint d'Boca Juniors aus Argentinien gewonnen. No der 1:0-Féierung vum Kane an der 18. Minutt hat Bayern an der 66. Minutt den onnéidegen Ausgläich duerch de Merentiel kasséiert. An der Schlussphas konnt den Olise awer nach mam 2:1 (84') d'Partie zu Gonschte vum däitsche Rekord-Champion entscheeden.

Zweete Spilldag, zweet Victoire - an d'Aachtelsfinalle virun Aen: Flamengo huet de südafrikanesch-europäeschen Duell mat Chelsea mat 3:1 gewonnen a sech op Plaz 1 am Grupp D gesat. D'Féierung vun de Blues hunn d'Brasilianer an der zweeter Hallschent bannent dräi Minutte gedréint.

An dann huet och nach Los Angeles FC mam Lëtzebuerger Maxime Chanot (stoung 90 Minutten um Terrain) mat 0:1 géint den ES Tunis verluer. Et war eng animéiert Partie tëscht béiden Ekipp an där Tunis um Enn d'Victoire iwwer d'Zäit gerett huet an domadder och fir den Out vum MLS-Team bei der Club-WM gesuergt huet.

All d'Tabellen am Iwwerbléck