Bei dëser aktueller Editioun ware ronn 180 Participanten ugemellt, wat vill méi ass wéi bei der éischter Editioun.

Déi éischt Editioun vun de Gamechangers war virun zimmlech genee engem Joer. D’Organisateure wëssen, datt de Guide “Fir Benevolatskoordinatioun am Sportveräin“, deen elo erauskoum, e wichtegen Instrument fir d’Veräiner kann a wäert sinn.

Hei zu Lëtzebuerg si ronn 17.000 Benevoler aktiv, déi 1,2 Millioune Stonnen prestéieren. Et ass evident datt de Benevolat alles anescht ass wéi en Thema um Rand, besonnesch am Sport, an dëse Sujet ass Bestanddeel vum Koalitiounsaccord. Et gëtt zum Beispill weider um Konzept Qualité + geschafft, wéi och um Congé Sportif. D’Konzept Qualité + gëtt als éischt ugeschwat.

D'Benevoler musse weider reegelméisseg informéiert ginn. Wichteg ass et datt si sech valoriséiert fillen. Et gëtt um Familljeministère parallel am Kontext Benevolat u verschiddene Sujeten geschafft. Innovativ kéint a noer Zukunft de Badge sinn.

Eng Etüd vun 2021 weist datt 59 Prozent vun de Lëtzebuerger als Benevoler aktiv sinn an 69 Prozent vun deenen déi net zu de Benevole gehéieren, wiere bereet engem Benevolat nozegoen.
Munch wichteg Thematike goufen um Event an engem Echange tëscht Spezialisten an de Participanten diskutéiert. Nodeem laang iwwer e staarke Benevolat geschwat gouf konnt ee sech als Ofschloss vum Event e bësse stäerken.