E Sonndeg war de leschten Dag vun de Réiser Päerdsdeeg. Am Fokus stoung d'Lëtzebuerger Championnat. 14 Reider waren ageschriwwen.

De Christian Weyer huet zu de grousse Favoritte gezielt fir säin Titel ze verdeedegen, um Enn sollt et awer net duergoen. 
 
Am Ufank vun der Finall huet een dem Päerd, dem Dante Z, schonn ugemierkt, dass et relativ nervös war. D’Uspanung hat dann och en Impakt op de Parcours. 8 Strofpunkte goufen notéiert an domat hat de Christian Weyer keng Chance méi säin Titel ze verdeedegen. Um Enn krut hien d'Bronzemedail. D’Enttäuschung war natierlech do well net alles perfekt gelaf ass.

De Christian Weier am RTL-Interview
Um Enn krut hien Bronzemedaile. D’Enttäuschung war natierlech do well net alles perfekt gelaf ass.

Vun dësem, net konstantem Parcours vum Christian Weyer, huet dunn d'Noémie Goergen profitéiert. E Parcours ouni Feeler konnt notéiert ginn, mee um Enn sollt et net ganz duergoe fir déi éischte Plaz. Freed iwwert d'Sëlwermedail war trotzdeem grouss.

D'Noémie Goergen am RTL-Interview
E Parcours ouni Feeler konnt notéiert ginn, mee um Enn sollt et net ganz duergoe fir déi éischte Plaz. Freed iwwert d'Sëlwermedail war trotzdeem grouss.

D'Diane Kettmann huet awer nach een drop gesat an de Maximum erausgeholl. Och hei e Parcours sans faute, mee méi séier wéi d'Noémie Goergen. D'Resultat war d'Goldmedail an den Titel vun der Lëtzebuerger Championne 2025.

D'Diane Kettmann am RTL-Interview
E Parcours sans faute a méi séier wéi d'Noémie Goergen. D'Resultat war d'Goldmedail an den Titel vun der Lëtzebuerger Championne 2025

Och d’Yola Schartz huet sech an dëser Finall vun hirer beschter Säit gewisen a sécherlech Confiance fir d'U18 Europameeschterschaft, déi Ufank Juli um Programm steet, getankt.
 
D’Organisatioun war och mam Oflaf vun dëser Editioun an och mam Lëtzebuerger Championnat zefridden.