Juventus Turin a Manchester City stinn an den Aachtelsfinallen

© AFP
E Sonndeg den Owend an e Méindeg de Moien eiser Zäit war et den Ofschloss vum zweete Spilldag bei der Club-WM am Futtball an den USA.
Op der Club-WM am Futtball huet Juventus Turin och am zweete Match eng kloer a verdéngt Victoire gefeiert. Géint Wydad AC aus Casablanca gouf et e Sonndeg den Owend eiser Zäit eng 4:1-Victoire. Mann vum Match war de Yildiz. Hien huet zwee Goler zur Victoire bäigesteiert.
Am zweete Match am Grupp G hat Manchester City keng Probleemer géint Al-Ain aus de Vereenegten Arabeschen Emiraten. Um leschte Spilldag maache Manchester City a Juventus Turin am direkten Duell d'Gruppevictoire ënner sech aus. Allebéid si se sécher am nächsten Tour.
Am Grupp H gouf et dann déi éischt Victoire fir Real Madrid bei der Club-WM an och ënnert dem Trainer Xabi Alonso. Déi kinneklech konnte sech beim 3:1 géint Pachuca op hir individuell Qualitéite verloossen. Déi rout Kaart vum Ascencio an der 7. Minutt huet et hinnen awer net méi einfach gemaach, ma um Enn huet de Mexikaner déi néideg Konsequenz am Ofschloss an an der Defensiv gefeelt.
No der Opakt-Victoire géint Pachuca huet sech den éisträichesche Vizechampion RB Salzburg mat engem 0:0-Remis géint de saudi-arabesche Rekordchampion Al-Hilal getrennt. Am Grupp H sinn nach keng Decisioune fir d'K.o.-Phas gefall.
An zweete Match an deem Grupp huet sech