Wimbledon
Chris Rodesch trëfft am 1. Tour op déi fréier Nummer 10 Carreno Busta

© RAUL ARBOLEDA / AFP
E Freideg de Moie war den Tirage fir deen Haapttableau vu Wimbledon.
De Chris Rodesch kritt et e Méindeg am éischten Tour mam Carreno Busta ze dinn. De Spuenier ass aktuell d‘Nummer 93 op der Welt. De Chris Rodesch ass d‘Nummer 163.
Den Haapttableau fänkt e Méindeg un. Sollt de Lëtzebuerger säin 1. Tour gewannen, kéint hien et am zweeten Tour mam Däitschen Alexander Zverev ze di kréien. D'aktuell Nummer 3 op der Welt spillt sengersäits am 1. Tour géint de Fransous Arthur Rinderknech.
Am meeschte gelies