Ufank Dezember 2024 war d'Sprinter als Sportlerin vum Joer ausgezeechent ginn.

D’Patrizia van der Weken krut e Freideg de Mëtteg a Presenz vum Sportminister Georges Mischo d’Trophée vun der Sportlerin vum Joer 2024 iwwerreecht. Och 2023 gouf d’Sprinterin als Sportlerin vum Joer geéiert.

Patrizia van der Weken als bescht Sportlerin vum Joer ausgezeechent
D'Lëtzebuerger Sprinterin war bei der Remise am Dezember am Stage a krut d'Trophée nodréiglech iwwerreegt.

No enger staarker Saison 24 hat d’Weltklasssprinterin wéinst nëmme 6 Honnertstel d’Finall iwwer 100 Meter zu Paräis op den Olympesche Spiller verpasst. Et konnt awer och zum Beispill eng Victoire an der Diamond League notéiert ginn.

Dëst Joer ass et op allerhéchstem internationalem Niveau weidergaangen. D’Patrizia van der Weken krut an der Hal iwwer 60 Meter esouwuel op der EM wéi op der WM Bronze.

D’Partriza van der Weken ass frou iwwer d’Auszeechnung an datt den Ament vill Lëtzebuerger Sportlerinnen international ganz staark optrieden.

D'Patrizia van der Weken am RTL-Interview

De Moment leeft d’Preparatioun op déi intensiv Méint August a September. Am September ass d’WM zu Tokio, wou d’Partzia van der Weken probéiere wäert, an d'100-Meter-Finall ze kommen a vläicht och den nationale Rekord op ënner 11 Sekonnen erofzedrécken.

Den Erfollegscoach Arnaud Starck, dee vun der Sportspress als Trainer vum Joer 2024 gewielt gouf, war bei der Éierung vu senger Athletin mat dobäi. Hie kuckt am RTL-Interview no vir op d’Summersaison déi virun der Dir steet. An do gëllt et, am September an Toppform ze sinn.

Den Arnaud Starck am RTL-Interview