Titelverdeedeger Belsch spillt an der Finall géint Spuenien

© AFP
An der Finall vun der Europameeschterschaft am Basket bei den Damme spillen déi nämmlecht Länner géinteneen, wéi am Joer 2023.
Den Titelverdeedeger Belsch spillt um Sonndeg 19:30 Auer géint Spuenien. D'Europameeschterschaft gouf insgesamt a véier Länner gespillt (Däitschland, Tschechien, Italien a Griichenland), déi entscheedend Match ginn a Griichenland gespillt.
D'Halleffinallen um Freideg waren enorm spannend. D'Belsch konnt sech 66:64 géint Italien duerchsetzen. Emol méi konnt d'Emma Meesseman mat 15 Punkten an 12 Rebounds iwwerzeegen. D'Spillerin gëllt als Favorittin, fir den MVP-Titel vun der Europameeschterschaft ze kréien.
Spuenien konnt sech mat 65:64 géint Frankräich behaapten. Déi 19 Joer jonk Awa Fam konnt hiert Talent mat 21 Punkten ënner Beweis stellen.
Lëtzebuerg hat d'Qualifikatioun knapp verpasst
D'Lëtzebuerger Dammen-Nationalekipp hat d'Qualifikatioun fir d'EM nëmme ganz knapp verpasst. Am Februar hat d'FLBB-Selektioun den entscheedende Match am Montenegro ze héich verluer an domat eng historesch Chance verpasst.
D'Gruppegéigner Montenegro a Schwäiz hunn op der Europameeschterschaft jeeweils hir dräi Matcher an der Gruppephas däitlech verluer.