Op der Basket-Europameeschterschaft bei den Damme verdeedegt d'Belsch den Titel.

An enger spannender Finall um Sonndeg a Griichenland ass d'Entscheedung eréischt an der Schlussphas vum Match gefall. 3 Minutte viru Schluss war Spuenien nach 12 Punkte vir (65:53), d'Belsch huet de Match mat engem 14:0-Laf gedréint a wënnt 67:65. D'Julie Allemand (19 Punkten), Kyara Linskens (17) an d'Emma Meesseman (16) hunn bei der Belsch am beschte getraff.

Italien wënnt d'Bronzemedail

Am Match em déi drëtte Plaz konnt sech Italien mat 69:54 géint Frankräich duerchsetzen. Stäerkste Spillerin an dësem Match war d'Cecilia Zandalisini mat 20 Punkten. Däitschland konnt sech iwwerdeems déi fënnefte Plaz vun der EM sécheren.

Lëtzebuerg hat d'Qualifikatioun knapp verpasst

D'Lëtzebuerger Dammen-Nationalekipp hat d'Qualifikatioun fir d'EM nëmme ganz knapp verpasst. Am Februar hat d'FLBB-Selektioun den entscheedende Match am Montenegro ze héich verluer an domat eng historesch Chance verpasst. D'Gruppegéigner Montenegro a Schwäiz hunn op der Europameeschterschaft jeeweils hir 3 Matcher an der Gruppephas däitlech verluer.