Nodeems den Tennis-Profi d'Qualifikatioun iwwerstanen hat, war et e Méindeg den éischten Optrëtt am Haapttableau vun engem Grand-Slam-Tournoi.

"Ech sinn extreem frou mat mengem Level“

No sengem Match huet de Chris Rodesch géintiwwer RTL erkläert, dass hie mat senger Leeschtung zefridden ass, och wann de Match net zu senge Gonschte verlaf ass:

„Ech sinn extreem frou mat mengem Level, deen ech gespillt hunn. Ech mengen, ech hu mer Chancë ginn, fir dëse Match ze gewannen. Hien huet extreem gutt gespillt a wichtege Situatiounen.“

Den 23 Joer ale Spiller huet betount, dass seng éischt Erfarung an engem Haapttableau vun sou engem groussen Tournoi wäertvoll fir seng Entwécklung wier.

"Ech hu vläicht e bësse Léiergeld bezuelt, mee ech sinn extreem frou op dësem Tournoi derbäi gewiescht ze sinn. Déi Erfarung gemaach ze hunn. An ech mengen, fir d'Zukunft ass dës Erfarung extreem, extreem wäertvoll.“

Staarken a schlaue Géigner

De Chilen Cristian Garin hätt de Match physesch extreem schwéier gemaach an zum Deel extreem schwéier Bäll gespillt. Virun allem um Gras hätt säi Géigner taktesch schlau gespillt: "En ass taktesch extreem staark.“

De Chris Rodesch huet selwer unerkannt, dass hien an den entscheedende Schlësselsituatiounen haut net esou staark gespillt huet wéi an der Quali: "Ech sinn awer extreem frou, dës Erfarung gemaach ze hunn.“

E staarken Tournoi gëtt Confiance fir d'Zukunft

Obwuel d'Rees zu Wimbledon am éischte Match am Haapttableau op en Enn gaangen ass, huet de Chris Rodesch gewisen, datt hie mat staarke Spiller mathale kann.

„Ech mengen, ech ka mat extreem vill Confiance aus dësem Tournoi erausgoen, well ech awer extreem gutt Géigner geklappt hunn.“

Wat de Programm fir déi nächst Wochen ugeet, huet de Profi kloer Ziler:

„Ech spille lo en Challenger a Spuenien. Mee ech muss dat lo och e bëssen nach kucken, well d'Situatioun ännert sech e bësse lo mam Ranking, deen ech lo wäert hunn.“

Mat sengem neie Ranking kéint hie sech fir d’Qualifikatioun vun zwou Masters-1000-Turnéier qualifizéieren:

„Ech ka vläicht an d'Qualifikatiounen erakomme vun Toronto a Cincinnati. Mee dee groussen Datum ass natierlech d'US Open-Qualifikatioun.“

De Lëtzebuerger setzt alles dorop, fir sech optimal op déi nächst grouss Matcher virzebereeden.

Déi bescht Amenter vun der Partie

De Resumé vun der Partie kann een hei noliesen.