Um zweeten Dag vun der Fraen-EM gouf et an der Partie Spuenien géint Portugal déi éischt richteg héich a kloer Victoire fir eng Ekipp.

E Gol ass den Italienerinnen duergaangen, fir d'Partie géint d'Belsch ze gewannen. D'Caruso hat nämlech an der 44. Minutten hir Natioun a Féierung bruecht, dat géint eng belsch Ekipp, déi sech net verstoppt a vill gewisen huet. Nom Säitewiessel hunn d'Belsch dem Drock weider probéiert, héichzehalen, si hunn awer lues a lues nogelooss, esou datt d'Italienerinnen zum Schluss d'Partie verwalten an d'Victoire an hirem éischte Match feiere konnten.

Déi zweet Partie vum Donneschdeg war do däitlech manner spannend, well d'Spuenierinne louche géint hir Nopeschen aus Portugal schonn no 7 Minutten 2:0 vir, d'Esther no zwou an d'Vicky no siwe Minutten, a konnte bis zu der Paus esouguer nach op 4:0 erhéijen. An der 41. Minutt hat d'Alexia getraff an d'Esther no 43 Minutten eng zweete Kéier. Déi zweet Hallschent huet Spuenien et méi lues ugoe gelooss an den eenzege Gol ass an der 93. Minutt gefall, wéi d'Martin-Prieto op 5:0 erhéicht huet.