Liichtathletik
Chebet bleift als éischt Fra ënner 14 Minutten iwwer 5.000 Meter

Weltrekord duerch d'Beatrice Chebet / © AFP/Tiziana FABI
E Samschdeg den Owend ass beim Diamond-League-Meeting zu Eugene/Oregon an den USA een neie Weltrekord opgestallt ginn.
D'Kenianerin Beatrice Chebet huet als éischt Fra iwwer 5.000 Meter de Chrono vu 14 Minutte geknackt. Déi Duebel-Olympiagewënnerin vu Paräis huet beim Diamond-League-Meeting zu Eugene/ Oregon an den USA mat enger Zäit vun 13:58,06 Minutte gewonnen.
Si ass domadder däitlech ënner dem ale Weltrekord vun der Ethiopierin Gudaf Tsegay (14:00,21) bliwwen. Tsegay, déi e Samschdeg op déi drëtte Plaz gelaf ass, hat hire Weltrekord de 17. September 2023 och zu Eugene realiséiert.
Am meeschte gelies