De Lëtzebuerger ka sech an der Kategorie AU3 duerchsetzen. 50 Athleten aus 10 Länner waren an 12 verschiddene Klasse gemellt.

Nëmmen e puer Deeg no senger staarker 6. Plaz beim Weltcup zu Innsbruck huet de Joe Schmit säin Talent ënnerstrach. Bei den éischten Oppenen Däitsche Meeschterschaften am Para-Klammen huet hie seng Klass géint héichkaräteg Géigner gewonnen. Dëse Succès stellt e weidere Schratt duer a Richtung international Spëtzt.

Obwuel de Joe Schmit net den Titel vum Däitsche Meeschter droen dierf, hunn dës oppe Championnater trotzdeem eng gutt Méiglechkeet gebueden, sech mat internationalen Athleten ze moossen. E Format, dat gutt ukomm ass, bei de Sportler wéi bei de Spectateuren, an dat e wichtegt Element duerstellt fir de länneriwwergräifenden Austausch a fir d'Weiderentwécklung vum Sport.

HEI alleguer d'Resultater am Iwwerbléck.

RTL

© DAV/ Pavlo Vekla