Dammen an Häre verléieren och um 2. Spilldag

© FLT/Laure Felgen
Och um zweete Spilldag sollt et net fir eng Victoire duergoen. D'Damme vun der FLT sinn domat eliminéiert.
Am Grupp D bei de Männer gouf et fir Lëtzebuerg eng 0:3-Defaite géint Finnland. De Clement Pelt an den Elie-Noé Nicolay hu géint den Duo Joa Takala/Axel Waris mat 3:6 an 0:6 verluer. An de Matcher Tom Maquel/Alex Marinov géint Saska Huttunen/Pyry Hyrkkönen an Ahmed Youssef/Médéric Thill géint Janne Wuorinen/Henrik Aarno stoung et um Enn jeeweils 1:6 an 2:6. En Donneschdeg ass am leschte Gruppematch Andorra de Géigner.
D'Lëtzebuerger Dammen hunn e Mëttwoch och hir zweet Renconter am Grupp A mat 0:3 géint d'Ukrain verluer. D'Claudine Schaul an d'Céline François hu mat 1:6 an 0:6 géint d'Olena Kyrpot an d'Tetyana Dychka de Kierzere gezunn. D'Jo Weisen an d'Natasha Feidt si mat 2:6, 1:6 géint d'Alina Yeroshenko an d'Yuliya Lysa ënnerleeën, wärend d'Arianna Ceccaroni an d'Walquiria Bley mat 6:1, 4:6 an 2:6 géint d'Yuliia Lyndina an d'Bozhena Berezhniak verluer hunn. Fir d'FLT-Dammen ass d'EM eriwwer.
D'Resultater an de Live-Score vum FIP Euro Padel Cup HEI.