E Samschdeg den Owend um 18.00 Auer ass am Handball-Championnat vun den Dammen den zweete Match vun der Finall, déi am Best-of-Three-Modus gespillt gëtt. No der 24:20-Victoire aus dem éischte Match huet den HB Diddeleng d'Chance, mat engem weidere Succès géint den HB Käerjeng de Championstitel kloer ze maachen.