Basketball - Nationale 2D'Häre vun Hueschtert steigen trotz Defaite an d'Enovos League op

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg gouf an der Nationale 2 am Basket bei den Hären de leschte Spilldag vum Playoff gespillt.
© RTL

De Gréngewald Hueschtert spillt an der Saison 2026/27 an der Enovos League bei den Hären. D'Ekipp huet zwar auswäerts mat 85:103 zu Zolwer verluer, profitéiert awer vun der gläichzäiteger Defaite vun der US Hiefenech zu Schieren.

Hiefenech muss an der Barrage

Zolwer, déi den Opstig scho virun zwou Woche realiséiert haten, hunn d'Saison an der eegener Hal mat enger souveräner Victoire ofgeschloss. Nom Match ass dem Gréngewald näischt aneres iwwreg bliwwen, wéi op d'Resultat vu Schieren ze waarden an ze hoffen. An enger enker Partie setzt sech Schieren mat 90:82 duerch an doduerch bleift Hiefenech an der Tabell hanner dem Gréngewald.

Hiefenech kann den Opstig awer nach iwwer de Barrage packen, hei wäert d'Ekipp géint de Racing Lëtzebuerg oder d'Musel Pikes spillen. Des Entscheedung fält um Samschdeg den Owend.

Back to Top
CIM LOGO