Lëtzebuerger Dammen an Hären no Phas 1 eliminéiert
Am Tennis gëtt den Ament zu Madrid a Spuenien d'EM am Padel gespillt.
Fir d'CUPRA Padel Team Lëtzebuerg ass d'EM zu Madrid a Spuenien no der éischter Phas eriwwer.
En Donneschdeg, um drëtten a leschten Dag vun der Phas 1 vum FIP Euro Padel Cup zu Madrid gouf et fir d'Lëtzebuerger Hären eng knapp 1:2-Defaite géint Andorra. Am éischte Match vum Dag hunn den Tom Maquel an Alex Marinov mat 5:7, 6:3, 3:6 géint den Duo Jean Ba Poux/Alexandre Otal Beiga de Kierzere gezunn. Duerno konnten de Clement Pelt an den Elie-Noé Nicolay duerch eng 6:4 a 7:6 (5)-Victoire géint den Hector Hormigo Herrera/Eric Pastor Calvo zum 1:1 ausgläichen. Am entscheedenden drëtte Match hu sech den Ahmed Youssed an de Maxime Moersch dunn awer misste mat 5:7 a 4:6 géint den Duo Eduard Juste Armengol/Izan Ruiz Antuna geschloe ginn. Domadder kommen d'Lëtzebuerger Hären am Grupp D op déi véiert Plaz.
D'Lëtzebuerger Dammen, déi um Donneschdeg spillfräi waren, kommen um Enn am Grupp A op déi drëtt Plaz.
Fir d'Phas 2 hu sech just d'Gruppegewënner qualifizéiert.
Weider Informatiounen iwwer d'Padel-EM fannt Dir um offizielle Site.