De Lëtzebuerger Sportjournalismus a mat him déi ganz Lëtzebuerger Sportswelt ass am Trauer.

Am Alter vun 79 Joer ass den Antoine genannt Petz Lahure, laangjärege Sportjournalist a President wärend 27 Joer vun der Associatioun vun der Lëtzebuerger Sportspress e Mëttwoch den 9. Juli no kuerzer onbaarmhäerzeger Krankheet verscheet.

Fir déi nei Presidentin vun der Lëtzebuerger Sportspress, d'Christelle Diederich, hannerléisst de Petz Lahure ee grousst Lach an der Lëtzebuerger Sportswelt.

"De Petz ass e Monument vum Lëtzebuerger Sportjournalismus gewiescht. Et ass wierklech en immens trauregen Dag fir eis alleguer, well mam Petz geet ganz vill Wësse verluer. Hien war e Vollblutt-Journalist, deen nach wäit an d'Pensioun eran de Sportjournalismus gelieft huet. De Petz war een, deen zu all Moment wousst, wou hien Informatioune géif sichen. De Petz war iwwer d'Landesgrenzen eraus bekannt. De Petz war Member vun der Ethikkommissioun vun der internationaler Sportspress. Hie war e grousse Mann vum Sportjournalismus, dee mir verluer hunn."

De Petz Lahure war een Nidderkuerer Jong a gouf ganz jonk scho mam Sportvirus infizéiert. Vun 1965 u war hie Journalist am Tageblatt an huet vun 1988 bis 2002 och fir d'Revue geschafft.

Säin Häerz houng un der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp, déi hie bis d'lescht Joer nach op all Deplacement begleet huet.

Seng grouss Léift war donieft de Vëlossport, virop de Giro d'Italia an den Tour de France, deem säi Grand Depart hien nach d’lescht Joer an der Toskana op der Plaz mat erlieft an doriwwer seng Chronike geschriwwen huet. De Petz Lahure war 46 Mol am Tour de France mat dobäi.

RTL

De Petz Lahure am Tour de France 2014 / © Roland Miny / pressphoto

Eng kleng Anekdot aus dem Tour de France: De Petz Lahure war ëmmer ee vun deenen éischten an der Salle de presse am Tour - Fir eng gutt Plaz do ze kréien, hie souz ëmmer op enger Plaz direkt beim Gank, wou hie seng lénks Säit zum Gank fräi hat - an och ee vun deene leschten, déi se verlooss hunn owes. Dowéinst hu franséisch-sproocheg Kolleegen och dacks vun der "Salle de Petz" geschwat.

Fir seng 15 Participatiounen als Journalist bei Olympesche Spiller gouf hien nach 2024 zu Paräis am Elysée Palais vum President Macron ausgezeechent.

De Petz Lahure am Interview mam Jeff Kettenmeyer op den Olympesche Spiller zu Paräis
Fir de Petz Lahure waren d'Olympesche Spiller zu Paräis déi 15. Editioun, wou hie mat dobäi war.

Säi leschten ëffentlechen Optrëtt hat hie virun zwou Woche bei der Receptioun zu Éiere vun der Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer 2024.

Dem Petz Lahure senger Famill a senge Léifsten eist häerzlechst Bäileed vun der ganzer RTL-Redaktioun.