E Freideg den Owend goufe bei der Damme-Futtball-EM an der Schwäiz béid Partien aus der Grupp B gespillt.

Datt Spuenien weider war an d'Belsch eliminéiert, dat war scho virun der Partie kloer. Portugal hat am Fernduell géint Italien nach minimal Chancen, fir weiderzekommen. Um Enn kënnt Italien awer trotzt enger 1:3-Néierlag géint Spuenien weider a Portugal scheet genau wéi d'Belsch aus dem Tournoi aus.

Portugal hätt nämlech misste géint d'Belsch, déi bis ewell nach kee Punkt huele konnten, gewannen, fir nach eng kleng Chance op d'Véierelsfinall ze hunn. Ma eis Nopere wollte weisen, datt och si Futtball spille kënnen, an hir Campagne positiv ofschléissen. Op de gudde Wee hat si d'Wullaert no grad emol 3 Minutte bruecht, wéi si d'Belsch konnt a Féierung schéissen. D'Toloba hat hir Landsleit dunn no enger Stonn nees zum Jubele bruecht, ma de VAR hat de Gol oferkannt. Portugal konnt an der 87. Minutt a Persoun vum Telma ausgläichen, ma déi freet hat net laang gehalen. An der 92. Minutt krut d'Belsch e weidere Gol vum VAR oferkannt, ma quasi mam Schlusspëff an der 96. Minutt huet d'Cayman dunn den zweete reguläre Gol geschoss an der Belsch déi dräi Punkte geséchert. Mat dëser 2:1-Victoire klamme si op d'Plaz 3 a Portugal gëtt mat engem Punkt Leschten an der Grupp.

Tëscht Spuenien an Italien goung et ëm d'Plaz 1 an der Grupp. Spuenien war virun der Partie scho sécher duerch, dowéinst huet den Trainer och vill rotéiert, ma Italien huet iwwert d'Schëller misste kucken, well bei enger eegener Néierlag an enger Victoire vu Portugal hätt et net kéinten duerchgoen. An d'Italienerinne sinn dowéinst och gutt an d'Partie gestart a waren no 10 Minutten 1:0 duerch d'Oliviero am Avantage. Dës Freed huet awer grad emol 4 Minutte gedauert, dunn huet d'Athena nees den Ausgläich geschoss. D'Fans hunn awer du bis an déi zweet Hallschent misste waarden, bis nees Goler gefall sinn. An der 49. Minutt huet d'Patri d'Partie fir Spuenien gedréint an d'Esther huet an der Nopsillzäit den Deckel mam 3:1 zougemaach. Italien trëfft elo an der Véierelsfinall op Norwegen, déi bis ewell nach kee Match verluer hunn. Spuenien kritt et mam Organisateur Schwäiz ze dinn.