Anthony Moris virun Transfer?

De Lëtzebuerger Nationalgolkipp ass anscheinend um Sprong Richtung Saudi-Arabien. Hie soll sech dem Veräin Al Khaleej uschléissen.
Wéi belsch Medie mellen, wier d'Chance grouss, datt den Anthony Moris fir déi nei Saison net méi beim belsche Champion Union Saint Gilloise am Gol géif stoen. D'Direktioun vum Veräin huet dem Kapitän gréng Luucht ginn, fir mat anere Veräiner ze schwätzen. Saudi-arabesch Medie mellen hirersäits, datt et am Moment Gespréicher mat Al Khaleej ,der Nummer 12 vun der Saudi Pro League aus der vergaangener Saison, géife ginn. Et gëtt gemunkelt, dass hien a Saudi-Arabien 10-mol méi verdénge soll wéi aktuell beim belsche Veräin.
Den Anthony Moris war 2020 bei d'Union komm. Nom Opstig an d'Pro League an e puer Joer, an deenen een den Titel knapp verpasst hat, hat et 2025 geklappt. De 35 Joer ale Profi stoung 232 Mol fir d'Union am Gol an huet nach e Kontrakt bis Juni 2026.
Fir den éischten Testmatch géint Feyenoord e Samschdeg de Mëtteg (1:1) stoung de Moris net um Terrain.